Data
IP Lëtzebuerg huet eng Data Strategie entwéckelt fir seng digital Supporten, fir esou kënnen de User an Annonceuren eng besser Pub a redaktionell Experienz ze bidden.
Mam Verbanne vu verschiddenen Outilen, ewéi Qualifio, Permutive an AdManager, sammelen, analyséieren a segmentéiere mir d’Donnéeë vum digitale Reseau vun IP Lëtzebuerg.
- Redaktionell Experienz
D’Personnalisatioun vum Contenu ass e wichtegt Element bei der Fidelisatioun vun eisen User.
Mir wëlle gär Contenue proposéieren déi eis User intresséieren op Basis vu Contenu-Recommandatiounen.
- Pub-Experienz fir eis User
Publicitéit proposéieren a Verbindung mat den Intressen a Consommatiouns-Gewunnechte vun eise User.
- Pub-Experienz fir eis Annonceuren
Targeting-Léisunge bidden, ugepasst un d’Verhalen an d’Profil vun de User, hir Affinitéiten oder esouguer hir Intentiounen.
« Retargeting »-Léisunge vun digitale Campagnen oder esouguer Audienze vum Annonceur.